LUXLIGA REGLEMENT

Waat sin Konditiounen fir matzemaachen?

> 15€ Cash bezuelen pro Turnéier oder 30€ fir eng Memberskaart an dir sitt an all Turnéier vum Joer 2022 dobäi
> FIFA 22 sou wéi PS4 oder eng PS5 besetzen
> Playstation Plus (fir online ze zocken) an stabilen Internet besetzen
> Discord Account hunn. D’Kommunikatioun leeft gréisstendeels doriwwer
> Informatiounen iwwer d’Whatsapp Grupp
(Chat areechbar tescht 07:00h-23:59h)
(Nuetsrou anhaalen tescht 00:00 an 06:59)
> Een Twitch Account hunn fir dass är Matcher kennen LIVE kommentéiert ginn
> NAT-Typ 2 Verbindung! (Kontrolléieren virdrunn –
Falls NAT-Typ 3: Mat engem Uruff op der Post/Tango/Orange/….séier geännert)
> Zäit hunn! Wann dir keng 20-30 Minutten an der Woch Zäit hutt fir een Match ze spillen, dann bréngt et net vill sech unzemellen.

Dierfen just Lëtzebuerger matspillen?

> Nee jiddereen, deen sech un Regelen hält an eng vun eisen Sproochen mächteg ass (letzebuergeg, däitsch, franséich, englesch) dierf mattmaachen. Fier Turnéieren muss een minimum16 Joer aal sin fier mattzespillen, bei Asaatz Turnéieren muss vun engem Volljähregen bezuelt gin.

Wou kann ech mech umellen?

> www.luxliga.lu
> FB „LUXLIGA“
> sech un en Admin wenden
> E-Mail schécken un „luxliga.contact@gmail.com“
(Andy, Paul oder Eric)

Wéieng Equipen dierfen geholl gin?

> All Klubmannschaften
> All Equipen sin toleréiert ausser et ass ee spezifescht Turnéier mat Virgaben
> An der Luxliga Saison dierf een wann dann just an der Wanterpaus d’Ekipp wiesselen.
Heescht no der Hinronn.
> Am TOWN CUP kann een d’Ekipp NET méi während dem Turnéier wiesselen

Wéini muss ech spillen?

> LUXLIGA Saison:
> Den Délai ass emmer 1 Woch fier 2 Spilldeeg
> Freides gett de Spilldaag publizeiert
> Mam Géigner en Daag an eng Auerzäit fannen an op Discord an der Rubrik „Rendez-Vous“ mattdeelen
> TOWN CUP Reegelen:
>Dir hutt nëmmen 4 Deeg Zäit äre Match ze spillen.
> Et dierf een 1 Stonn virum Match NET méi den Match verréckelen ausser am Noutfall! Soss ass et forfait.
> Mir hunn Kommentatoren déi sech extra Zäit huelen, dann mussen si och rechtzäiteg wëssen, op de Match stattfënnt oder net.

Wéi leeft den Mätch selwer oof?

> 2x 6 Min.
> Online Kader (beim Town Cup ass et den 90er Modus)
> Deen doheem spillt scheckt eng Invitatioun !
> Freunde hinzufügen > Online Freundschaftsspiel > Einladen
> Noom Mätch eng Foto an den Discord an d’Rubrik „Resultater“ posten mam Resultat an den Géigner markéieren.

Wéi maachen ech een RDV mam Géigner aus?

Dir maacht de Rendez-Vous mam Géigner iwwert Whatsapp oder Discord ennerteneen aus.
WICHTEG: Wann dir ee RDV mam Géigner hutt, musst dir deen onbedingt op Discord ënnert d’Rubrik „Rendez-Vous“ androen!

Wat ass wann mäin Géigner rausgeet oder Verbindung oofbrecht?

> Geet en Géigner fierun Enn vum Mätch eraus kritt en 3 Stroofgoaler derbäi gezielt
> Geschidd dat 3x dann gett di Persoun aus dem Turnéier rausgeheit
> Brecht Verbindung während dem Mätch oof gett den Mätch mam aktuellen Resultat nei gespillt sou laang wéi nach ze spillen bleiwt. Huet een eng roud Kaart muss och déi Kaart mam nemlechten Spiller „provozeiert“ gin

Wat ass wann ech direkt mierken dass Verbindung schlecht ass?

> Paus drécken an direkt Bescheed soen an den Mätch nei starten.
> Soubaal ee Goal gefall ass ODER déi 5. Minute leeft ass et ze spéit fir nei ze starten. Gëtt Verbindung während dem Mätch schlecht, mee stierzt net oof, dann ass et just an der Halbzeit erlaabt 45 Minuten nei ze spillen mam aktuellen Score an rouden Kaarten.

Wat ass wann en Spiller mech beleidegt?

> All Beleidegungen oder Net Anhaalen vun den Regelen gett matt engem Rausworf gereegelt. Mir bieden hei em Respekt  géigeniwwer den Admins an all aanerem Member vum Turnéier.

Wat ass wann ech duerch privat Grënn net kann spillen?

> Ass een verhennert well een an eng Vakanz geet oder privat verhennert oder selwer krank ass, ass dat natierlech keen Thema. Soot an eisem Chat sou séier wéi méiglech Bescheed an et ass keen Problem fier den Mätch op en spéideren Zäitpunkt ze verleeën.

Wat geschidd wann 2 Geigner sech net eenz gin an net spillen?

> Wichteg ass emmer de schreftlechen Kontakt an eisen Admins ze sichen oder Bescheed ze soen
> Mellt een vun den Geigner sech net innerhalb vun 15 Minutten noom geplangten Matzch, gewennt deen aaneren 3:0 ff. Mellt keen sech gett den Mätch matt 0:0 an ouni Punkten bewert.
> Kuckt am beschten wann den Spillplang rauskennt direkt en Daag an der Woch auszemaan. 2 Mätcher sin zirka 40 Min. an der Woch.
> Och hei sief gesoot wann dat 3 Mol fir kennt, ass den Teilnehmer dobaussen, well Forfait verfälscht Tabell!

Wat kann ech gewannen?

> Suwuel an Liga 1 wéi an Liga 2 gett et fier dei 3 éischt ze gewannen
(Liga1 mei heich Cash)
> Coupegewenner kritt en fonkelneien FLF Trikot
> Wat méi Memberen, wat den Prizepool permanent erop geet.

Luxliga Saison: Spillen ech Liga 1 oder Liga 2?

> All déi Leit déi läscht Joer derbäi waren spillen je no hierer Platzéirung an der entspriechender Liga.
> All Nei Kandidaten spillen an enger klenger Mini Vierronn em hier Plaatz an L1 oder L2

Wisou kascht et 15€?

> Mier wellen dass di Leit dei mattspillen serieux sin an den Turnéier och fäerdegspillen
> Ausserdem gin déi Suen ausschließlech genotzt fier Präisser déi een gewannen kann ze finanzéiren
> Heimadd soll verhennert gin dass Leit sech matt puer Accounts umellen
> Et ass just erlaabt 1 Account ze benotzen
> Besteet en Verdacht op Fuddelen oder Cheaten egal op weieng Art an Weis hun mier als Admins dat Recht ze kontrolléiren an am Fall wou deejeinegen aus dem Turnéier ze geheien.

Luxliga Comitée