Member ginn

Firwat soll een Member ginn?

E puer mol am Joer organiséieren mir Admins vun der Luxliga FIFA Turnéieren. Dat kann ee Ligasystem mat Veräiner

sinn oder ee K.O-System mat Nationalequipen, wou dann zum Beispill eng EM bzw. WM nogespillt gëtt.

Duerch d’Memberschaft ass et méi einfach fir eis an virun allem fir iech! Et kann een un all Turnéier iwwert dat ganzt

Joer deelhuelen ouni sech Suergen mussen ze maachen, op een dann elo schonn bezuelt huet oder net. Et huet een no kengem Delai ze kucken an et gëtt am grousse Ganzen méi bëlleg, wéi wann een allkéiers muss 15 Euro bezuelen.

Dofir hunn mir dee System ewechgeholl, wou mir allkéiers 15 Euro Partizipatioun fir een Turnéier gefrot hunn.

All Member kritt dann eng flott Memberskaart heemgeschéckt. Dës Suen ginn dann geholl fir iech flott Präiser ze

erméiglechen. Wat den Prizepool vum Turnéier méi héisch ass, wat d’Gewënner méi deck ginn.

D’Luxliga huet d’Zil, eng FIFA Community opzebauen, déi reegelméisseg hunn FIFA Turnéieren deelhëlt.
Natierlech kennen mir keen zu enger Memberschaft zwéngen. Et ass awer vu Virdeel fir iech.

👉De Präis vun enger Memberskaart leit bei 30€/Joer

Wann dir also Member wëllt ginn, schreift eis eng Mail via luxliga.contact@gmail.com oder iwwert Facebook „Luxliga“.
Klickt op een vun deenen zwee Icons, fir direkt dohinner ze kommen: